09·10·11 AUG 2019

D'COJELLICO'S JANGEN



Main Stage

Sunday

tba

D'COJELLICO'S JANGEN

Sorry, this band information is only available in luxembourgish ...

D’Cojellico’s Jangen, dat si sechs befrënnte Museker, déi sech zesumme gestallt hunn, fir am Kader vum Spektakel ‚Schlüpferesch – en Hommage un déi Wëll Zwanzeger Joren’ am Mäerz 2011 am Stued Theater zu Gréiwemaacher original Arrangementer vun de Comedian Harmonists ze interpretéieren: Mein kleiner grüner Kaktus, Veronika der Lentz ist da, Das ist die Liebe der Matrosen … an de Cojellico’s Jang!

De groussen Erfolleg, och vum Cojellico’s Jang, de Spaass an d’Freed waren d’Ausléiser fir den Ensemble an d’Musek weider ze entwéckelen. Am léiwste mat Lëtzebuerger Stëmmungslidder a ‚Schlager’, nei arrangéiert fir de Quintett a säi Pianist. Sou zesoen am Stil vun de Comedian Harmonists. Usprochsvoll, stëmmungsvoll an zougänglech zugläich.

  source: www.jangen.lu


  get more informations about this act:
 

  Line-up 2019   Timetable 2019

our main sponsors :

go to top

the free entrance festival

09 -11 august 2019
at Lake Echternach / Luxembourg


Copyright © 2019 e-Lake festival. All Rights Reserved.
See you @ the Lake :-)