DER DÄIWEL

.
   Main Stage
   Friday
   02:20 - 03:00
.

DER DÄIWEL

Sorry, this band information is only available in luxembourgish ...

Et gouf héich Zäit. No Fluyd an dem Midlife Chris huet et ferm gebrodelt am Jeff Seyler senger kreativer Kichen. Et war e Verlaangen no knaschtegen Crossover Gittaren aus den 90er awer och no Old School Rap aus den Enn 80er Joren. Et war eng Gloscht op d'Experimentéieren mat der Uregkeet vun eiser Sprooch. Déi al Wuerzelen hunn erëm gekribbelt. D'Nostalgie huet gekëddelt. Déi néi Welt mat hiren Konflikter huet desillusionéiert. Aus där Mëschung ass dunn de Solo Projet der Däiwel entstanen. Eng musikalesch Rebellioun géint déi nei Plastikidoler déi eis alleguer wéi dat gëllent Kallef an de Bann zéien an doduerch verhënneren dat sech eppes ännert. An obwuel déi Wandmillengeschicht schon en alen Hutt ass, gouf et mol rem héich Zäit fir op en Iesel ze klammen. D'Resultat vun dëser perséinlecher Rees ass en musikaleschen Potpourri aus Rock, Hip Hop an Rap 'n' Roll. Ënnerstëtzt vum Tobias Ackels op der Batterie, dem Achim Ziwes an dem Gilles Loes un den Säiteninstrumenter zitt der Däiwel elo als Infernalescht Quartett live duerch d'Ländchen.

get more informations about this act:

   

Print Email

FRIDAY

10 AUG
live concerts
a journey to Pop,
Hip-Hop and Rock'n'Roll

SATURDAY

11 AUG
electronica
only the finest
electronic beats

SUNDAY

12 AUG
party time
all your favorite
party tunes

CONNECT WITH US