09·10·11 AUG 2019

EDEL WEIS



Urban Stage

Friday

tba

EDEL WEIS

Sorry, this band information is only available in luxembourgish ...

Wéi d’Edelweiß-Blumm héich an dën Alpen bléit dën Edel Weis hei am Ländchen um Zolwerknapp; Lëtz-Rap op eng edel Aart a Weis...

Gebuer 1981 a 1995 vum Hip-Hop gedeeft, war hie matzendran an enger Phas, wou d’Kultur zu Lëtzebuerg am grousse Stil um Virmarsch war. Fir d’éischt e wéineg op Franséisch an Englesch experimentéiert, huet dën Edel Weis am neie Joerdausend ugefaangen, Reimer a senger Mammesprooch op Lëtzebuergesch ze schreiwen an ze rappen. Zesumme mam Corbi, mam David Fluit an anere Kollegen huet dën Eddes säit 2003 musikalesch a kreativ Owenter verbruet. Beatmaker wéi ënner anerem Spenko, Nikkel K, Wispo a Swinx hunn d’Instrumentaler produzéiert a sou koum säit 2005/06 munches eraus, wéi ënnen am Historique ze liesen ass.

No laanger Aarbecht a Gedold gouf dunn am Februar 2015 dem Edel Weis säin éischte Solo-Projet “Kappmassage” um Läbbel realiséiert. Dën Album ass vollgepaakt mat Wuertspillereien, sozialkritesche Passagen an e puer thematesche Stécker; am Ganzen 23 Lidder mat nationalen an internationale Kollaboratiounen, opgeholl am Ricordingstudio vum Wispo a Nikkel K fir Zaki Zaki. Bis ewell huet dën Edel Weis een offizielle Video vum Fred Entringer erausbruecht an e puer Tracks selwer visualiséiert.

2015 hat dën Eddes de Plaiséier, zesumme mam MKO op de Plackentelleren an der Läbbel-Famill eng yet Concerten an Optrëtter op Festivaller zu Lëtzebuerg ze spillen. Dir dierft gespaant sinn, wat hien an Zukunft nach sou wäert op d’Tapéit bréngen...!


  get more informations about this act:
   

  Line-up 2019   Timetable 2019

our main sponsors :

go to top

Copyright © 2019 e-Lake festival. All Rights Reserved.
See you @ the Lake :-)