09·10·11 AUG 2019

MAKA MC



Urban Stage

Friday

21:00 - 22:10

MAKA MC

Sorry, this band information is only available in luxembourgish ...

Et war an engem kalen 29. November am Joer 1991 zu Nidderkuer, eng Uertschaft am Süde vum Schlaraffeland, wou eng fléiend Kaffistaass eng Noutlandung misst duerchféieren. An dem Ufo souz de makatopianeschen Astronaut "Maka91" aus dem Planéit „Makatopia“, deen an sech a Form vun Afenmënsch den Norme vum Planéit "Äerd" ugepasst huet. Ëmgi vu Reklammen, Hollywoodfilmer a portugisescher a lëtzebuergescher Kultur am Schlaraffeland Lëtzebuerg, huet de Maka Mc eng aner Kultur op eiser Welt entdeckt an deenen sech d'Leit ënner anerem op rhythmesche Beats matt Scratches ausdrécken a feiere kënnen, d' Hip Hop-Kultur. De Maka91 huet sech dann och ee mënschleche Rappernumm ausgesicht an sech "Maka MC" genannt, wat souvill heescht wéi "Maachen Alles Krass Anescht". Esou nennt sech och säin éischt Mixtape wat en 2012 opgeholl huet, an dem hien iwwer seng Beobachtungen an Erfahrunge matt de Mënschen op eisem Planéit rappt. Trotz de Versich d'Mënschen op d'Probleemer op der Welt hinzeweisen, huet de Maka MC Verstäerkung aus sengem Heemechtsplanéit gebraucht an huet den "Juri Galaxi" matt sengen ausserierdesche Scratches geruff, deen als David Fluit (De Läb) déi mënschlech Form ugeholl huet. Am Joer 2013 starten déi zwee "Aliens" zesummen hier gemeinsam Missioun op de Bühnen duerch a schaffen un CD'en a Projet'en.

Bon fir kuerzefaassen, de Maka MC mëscht fäiinste Rap op Lëtzebuergesch, hien ass en exzellente Storyteller, en ausgeräiften Techniker, ëfters méi melancholesch, heiansdo méi witzeg an et geet vun de verschiddensten Alldagsthemen bis zu rengem Battlerap, d'Haaptsaach d'Wourecht kennt un d'Liicht. E absolute Muss fir eng gesond Ouerenmassage.


  get more informations about this act:
   

  Line-up 2019   Timetable 2019

our main sponsors :

our sponsors & partners:

go to top

the free entrance festival

09 -11 august 2019
at Lake Echternach / Luxembourg


Copyright © 2019 e-Lake festival. All Rights Reserved.
See you @ the Lake :-)