Main Stage
Freitag
02:05 - 03:00
Sorry, diese Band-Infos gibt's leider nur in luxemburgisch ...
Der Däiwel ass eng musikalesch Rebellioun géint déi nei Plastikidoler déi eis alleguer wéi dat gëllent Kallef an de Bann zéien an doduerch verhënneren dat sech eppes ännert. An obwuel déi Wandmillengeschicht schon en alen Hutt ass, gouf et mol rem héich Zäit fir op en Iesel ze klammen. D'Resultat vun dëser perséinlecher Rees ass en musikaleschen Potpourri aus Rock, Hip Hop an Rap 'n' Roll. Ënnerstëtzt vum Joachim Lichter op der Batterie, dem Achim Ziwes an dem Gilles Loes un den Säiteninstrumenter zitt Der Däiwel elo als infernalescht Quartett duerch Lëtzebuerg an léisst et live nawell gutt kraachen.