Daniel Balthasar

Den e-Lake ass e ganz spezielle Festival fir mech. Et ass Summer, e läit tëschent enger Reih vun Hiwwelen no beim Séi, sou dass automatesch eng gewësse Stëmmung entsteet, en ass grouss awer net ze vill. Ech kann et net besser beschreiwe, mee et huet een d'Gefill "am" Festival dran ze sinn, a net nëmmen op enger grousser Wiss ze stinn, wou eng Bühn opgeriicht gin ass.
Ech hat bis elo 3x d'Geleeënheet fir um e-Lake opzetrieden, 2006, 2011, 2013. All Kéiers war anescht, an dach hat een d'Gefill doheem ze sinn.Ee Joer ass mir speziell an Erënnerung: et muss 2010 gewiescht sinn. Ech war doheem an ech hat net domat gerechent deen Owend op den e-Lake ze goen, wéi op eemol mäin Telephon geschellt huet. Ech weess net méi genau wien vun der Organisatioun mech ugeruff huet, mee op alle Fall krut ech matgedeelt, dass K's Choice ukomm wieren an ob ech d'Sarah Bettens wéilt treffen. Iergendwéi war duerchgesickert dass ech mam Sarah a Verhandlunge wier fir bei engem vu menge Lidder matzesangen. Ech sollt direkt dohinner kommen, an de Backstage, fir dass mir eis emol eng Kéier kéinten vu Gesiicht zu Gesiicht ausschwätzen a net nëmme via mail. Ech sinn du natierlech direkt dohinner gefuer, mir hunn eis getraff, direkt gutt verstane, an d'Saach war decidéiert. D'Sarah, dat haut iwwregens Sam Bettens heescht, huet duerno 2013 nach bei engem 2. Lidd vu mir matgesongen. Ob dat alles esou passéiert wier wa mir eis deen Owend net perséinlech kennegeléiert hätten, steet an de Stären.
Duerfir, Merci fir alles e-Lake an op déi nächst 25 Joer.