Accéder au contenu principal

THE HORSE BLINDERS



Scène principale

Dimanche

18:20 - 19:20

THE HORSE BLINDERS

Désolé, ces informations sont seulement disponibles en luxembourgeois ...

The Horse Blinders 2025 – D’Taverna beim Klouschter zu Iechternach

Am Joer 2019 war et esou wäit: de Roger Melcher (Gesang a Mondharmonika) an de Roland Meyer (Gittar) vun de “Winklepickers” hu sech mam Jacques Bock (Batterie) a Jacques Ruppert (Bass) vun de “Crossroads” zesummegedoen an de Mulles Scholtes (Gittar) vun de “Convertibles” nach dobäi geholl. A fäerdeg war déi nei Lëtzebuerger “Supergroup”: “The Horse Blinders”.

Kräftegen, intelligenten a lëschtegen Rock-Blues-Pop mat lëtzebuergesch Texter, dat ass de Programm. De Roland Meyer, mam Prix Servais ausgezeechent a bekannt als Kabarettist an Auteur suergt fir déi pointéiert Texter a sprëtzeg Eegekompositiounen.

 2023 ass den éischten Album "...an nach ee schéinen Dag" mat Hits wéi "Hierken oder Mettwurscht", "D'Buurschter Plage", "komm sich dàin Krëppeng" an "De Kinneg vum Facebook" erauskomm.

De Ron Mullenders huet kuerz drop de Jacques Ruppert um Bass ersat a fäerdeg war déi nei Equipe.
2025 koum “Raufaser” op de Maart, 10 fuschnei Lidder fir 10 Lëtzebuerger Stied. Vun elo un hunn Déifferdeng, Diddeleng, Esch, Ettelbréck, Gréiwemaacher, Iechternach, Lëtzebuerg-Stad, Miersch, Réiden a Veianen hier eegen Hymne an um groussen Tour de Luxembourg stellen d’”Horse Blinders” dës Hits an hire respektive Stied vir.

A fir Iechternach ass et “D’Taverna beim Klouschter”, e Lidd, dat op eng witzeg Aart a Weis erkläert, wéi ënnerschiddlech heiansdo d’Erwaardungen tëscht Mann a Fra kënne sinn: Deen ee wëllt esou séier wéi méiglech ënnert d’Hauf, dat anert denkt just un Gyros, Retsina an Tzatziki!
Op der Tournée gëtt d’Equipe vun den “Horse Blinders” ëmmer nees duerch d’Noémie Leer, d’Candy Windeshausen an och den Daniel Eischen ënnerstëtzt.

“Mir lauschteren d’Horse Blinders well et e Stéck Lëtzebuerger Kultur ass!”

 

  BAND         

  Programmation 2025   Horaires 2025

nos sponsors principaux :

nos sponsors & partenaires :


partenaires institutionnels :


membre de :


hébergement web par :

vers le haut

the free entrance festival

08 - 10 août 2025
au Lac d'Echternach / Luxembourg


Copyright © 2025 e-Lake festival. Tous droits réservés.
See you @ the Lake :-)