De Summermagazin - Backstage!
E Festival vu Jonke fir Jonker. Mat deem Motto huet 1996 alles ugefaangen. Um Prinzip huet sech zanterhier näischt geännert.
3 Deeg laang gratis Musek beim Iechternacher Séi. Am Video-Reportage vun eiser Serie "De Summermagazin – Backstage!" huele mir iech mat hannert d'Kulisse vum e-Lake a léieren d'Benevolle kennen, déi de Festival Joer fir Joer op d'Been stellen.