Accéder au contenu principal
MooF

Quotation  ·  by Lex Heyar / MooF

All Gléckwënsch fir déi 25st Editioun vum e-Lake.
Ween hätt dat geduecht, wou ech deen éischten e-Lake mat kritt hunn, hätt ech ni geduecht dass dat esou een Erfolleg géif ginn.
Fir eis béis Jongen vun MooF koum den e-Lake jo net a Fro, mee déi Entwécklung déi den e-Lake dohin geluecht huet ass einfach immens. Fir mech ass den e-Lake en mega internationalen Festival ginn, den et net vergiess huet sech trei ze bleiwen.
All Respekt fir déi Ënnerstëtzung vun der lëtzebuergescher Musek an senger Zeen.
Den e-Lake huet haut en breeden Programm, national an international an huet och net dovun zeréck geschréckt fir MooF 2015 mat op den Festival ze huelen. Wou mär och immens frou waren, dat war super an hat Spaass gemeet.

Mär vun MooF sinn elo bal 30 Joer an der Zeen an ech muss einfach hei soen dass mär nach ni esou gutt als Lëtzebuerger Band behandelt ginn sinn ewéi um e-Lake Festival, dat war einfach Mega, dat muss een einfach matgemeet hunn.
Merci an e ganz groussen Respekt fir all déi , déi sech all déi Joren den Aarsch opgerappt hunn.
Ech hoffen an wënschen äech nach Tonnen Joren.
Mär kommen ëmmer gären erëm an sinn ëmmer gär dobäi.

den MooFen Lex vun MooF
  MooF       
moof 2015
go to top

the free entrance festival

08 - 10 august 2025
at Lake Echternach / Luxembourg


Copyright © 2025 e-Lake festival. All Rights Reserved.
See you @ the Lake :-)