Main Stage
Sunday
19:40 - 20:40
Sorry, this band information is only available in luxembourgish ...
De Serge Tonnar huet keng Anung vun Jazz. Dat huet hien net dru gehënnert, mat zwee ganz
villsäitegen Jazzmuseker, dësen Trio ze grënnen. De Boris Schmidt um Kontrabass ass e
Meeschter am Grooven, eng roueg awer stabil Presenz, déi dem neie Sound déi néideg Déift gëtt. De Michel Meis spillt d'Battri wéi e melodescht Instrument, subtil, verspillt a voller
Iwwerraschungen. Den Autodidakt Serge Tonnar, op der Gittar, gëtt sengem Trio de Rescht, an
sou héiert ee seng Lidder an engem neie Klangkleed, mat méi Raum an Otempausen, e bëssen
jazzy an easy-going, awer och emol mat fatzegen Instrumentalpassagen.
Serge Tonnar: Gittar & Gesang
Boris Schmidt: Kontrabass & Gesang
Michel Meis: Battri & Gesang