Zum Hauptinhalt springen

07-09 AUG 2026

T THE BOSS



SUNSET STAGE

FREITAG

tba

T THE BOSS

Sorry, diese Band-Infos gibt's leider nur in luxemburgisch ...

Den T THE BOSS ass e lëtzebuerger Kënschtler deen a senger Mammesprooch rapt. Tëscht 2001 an 2010 huet hien zwou Demos erausbruecht, verschidde Mixtapes an eng EP.

Säin Debutalbum „Rap, Homies & Famill“ koum 2011 eraus an huet den éischte grousse Schrëtt a senger Carrière markéiert. Dat Joer drop koum „TEORIE 2012“, deen hien zesumme mam Produzent STA erausbruecht huet.

Am Joer 2014 huet den T THE BOSS säin drëtte Studioalbum „T3000“ erausbruecht, produzéiert vum DJ Scorpion. Dësen Album markéiert e Schrëtt an eng méi räif, awer technesch verséiert a musekalesch divers Richtung. Hien huet an de leschte Joren iwwer 100 live Shows uechter Lëtzebuerg gespillt a Säll wéi d’Kulturfabrik, d’Rockhal, den Atelier an d’Aal Seerei Dikrech. Hien ass och op Festivaler wéi dem Food For Your Senses, dem Rock A Field an op der Fête de la Musique opgetrueden.

Am Oktober 2015 huet hien den T e Best-of-Mixtape mam Titel „Hip-Hop For Life 2“ erausbruecht, ier hien 2016 den Album „ëmmer nach ech“ released huet. Tëschent 2019 an 2022 huet den T d’Alben „De Papp“ an „YO“, esou wéi d’EP „Fighter“ erausbruecht.

No 3 Joer kreativer Paus huet den T sech 2025 schlussendlech zréck gemellt mat der EP „Deemools“ an ass prett fir nei Aventuren.


  BAND         


   Line-up 2026      Spielplan 2026 

unsere Hauptsponsoren :

unsere Sponsoren & Partner :


Institutionelle Partner :


Mitglied der :


Webhosting bei :

nach oben

the free entrance festival

07.- 09. August 2026
am Echternacher See / Luxemburg


Copyright © 2026 e-Lake festival. Alle Rechte vorbehalten.
See you @ the Lake :-)