Accéder au contenu principal

DE LÄB



Sunset Stage

Vendredi

23:45 - 00:35

DE LÄB

Désolé, ces informations sont seulement disponibles en luxembourgeois ...

„DE LÄB“ - ass mëttlerweil keng onbekannten Nummer méi an onser lëtzebuerger Musekslandschaft, säit der éischter Apparitioun am Joer 2007, hunn se vun klengster Bistrots-Théik bis zu gréisster Bühn d'Land onsécher gemaach.

De Corbi (raps & beats), David Fluit raps, scratches DJ Funkstarr live-scratches), Georges Sadeler Saxophone), Michel Lopes Keys), René "Däiwelskärel" Macri bass) an de Benoit Martiny drums), beherrschen hiert Handwierk a verkierpere gekonnt déi „nei Schoul“, mat der Astellung vu gëschter.

Am „Läb-Keller“ gëtt ausschliisslech op Lëtzebuergesch gedicht, dëst iwwert déi verschiddenst Themen. Vu Politik de lëtzebuergeschen Alldag bis hin zu méi perséinleche Sujete alles ënnert d’Lupp geholl an am Jargon“ analyséiert interpretéiert. Hir Musek vermëttelt dem Nolauschterer net nëmme gutt Laun, mä och deen een oder anere Message fir nozedenken, ëmmer dekoréiert mat engem gudden Hauch Ironie. "De Läb" ass eng richteg Live-Band, hire Public gäre matrappt dozou zwéngt, matzefeieren.

Also eppes ass sécher „di fäin Drecksäck aus dem Minett“ si mëttlerweil net méi der Lëtzebuerger Musekszeen ewechzedenken an et dierft ee gespaant sinn, mat wat se hiren Nolauschterer Zukunft nach d’Ouer masséiere wäerten.


  BAND             


  Programmation 2025   Horaires 2025

nos sponsors principaux :

nos sponsors & partenaires :


partenaires institutionnels :


membre de :


hébergement web par :

vers le haut

the free entrance festival

08 - 10 août 2025
au Lac d'Echternach / Luxembourg


Copyright © 2025 e-Lake festival. Tous droits réservés.
See you @ the Lake :-)