09·10·11 AUG 2019

DE LÄB



Urban Stage

Freitag

00:00 - 01:00

Main Stage

Sonntag

17:20 - 18:20

DE LÄB

Sorry, diese Band-Infos gibt's leider nur in luxemburgisch ...

“de läb” ass e lëtzebuergeschen Hip Hop Grupp, deen no joerelaangem gemeinsame Musizéieren an Experimentéieren, am Summer 2006 vun 3 jonke Minettsdäpp an d'Liewen geruff gouf. Mat südlännesche Racinen an ënnert dem Afloss vun der Minetter „Sonn“ hunn déi 3 Kollege scho relativ fréi hier musikalesch Oder entdeckt a gefuerdert. 1999 fënnt den éischten aktive Kontakt mat der Kultur statt an zënter hier sinn déi 3 rhythmesch Borschten net méi ze bremsen. De Corbi (raps + beats), den David Fluit (raps, beats & cuts) an de Spenko (beats + cuts), verkierpere gekonnt mat engem gudden Hauch Ironie déi „nei Schoul“, dëst mat der Astellung vu Gëschter.

Vu datt de Spenko wéinst senge Studien als Grafik-Designer leider net méi sou vill Zäit hat an sech net méi an "de läb" investéiere konnt, haten si no engem Joer den Joe'Flow'Mo aka Somemore (live-dj & cuts 2008-2009 & 2014-2015) an spéider de Lomki aka Jean-François du Marché (live-dj & cuts, 2009-2014) an d'Läb-Famill adoptéiert fir dann erëm no 5 Joer vum Joe'Flow'Mo (mat engem kuerzen Intermezzo), an vum MKO (beats, live-dj & cuts) oofgeléist ze ginn. Den MKO wuar dann och 2 Joer mat de Jungs ënnerwee, mä souwisou wuar et och keen Onbekannten, hien wuar och schon fréiher fir eng jette Produktiounen fir „de läb“ zoustänneg. 2017 koum et dann zum wuel leschte Wiessel, mär schwätze vu kengem aneren wéi dem Nikkel K, deen och ënnert villem aneren hir Musek scho joerelaang zu Rammeldang am Ricording Studio mam Wispo, opgeholl, oofgemëscht a gemeeschtert huet.

Am „Läb-Keller“ gëtt ausschliisslech op Lëtzebuergesch gedicht, dëst iwwert déi verschiddenst Themen. Vu Politik iwwert de lëtzebuergeschen Alldag bis hin zu méi perséinleche Sujeten gëtt alles ënnert d’Lupp geholl an an der Läb-Sprooch analyséiert an interpretéiert. Hir Musek vermëttelt dem Nolauschterer net nëmme gutt Laun, mä och deen een oder deen anere Message fir nozedenken. Wat “de läb” sou speziell mécht, ass, dass een dëse Grupp net an eng bestëmmte Musekskategorie aklasséiere kann. Souwuel Jazz, Funk, Trip Hop, elektronesch Elementer, wéi och boom bap hip hop sinn an hirer Musek enthalen a suerge fir aussergewéinlech Beats a fir gutt Stëmmung.

Am Joer 2007, méi genau den 07.07.2007 feiert “de läb” seng éischt offiziell Release. „D’Wourecht EP“ kënnt op de Moart, wouvun "8 Buchstawen" an där enger oder anerer Rotatioun ze héieren war. Am selwechte Joer nach gewënnt "de läb" den Elie Music Award, dëst an der Kategorie fir „Best National Hip Hop“. Chrëschtdag 2008 bréngt "de läb" seng zweet EP eraus, mam Titel "Dee mat der Kaz danzt".

"de läb" ass eng richteg Liveband, déi hire Public gäre matrappt an dozou zwéngt, matzefeieren. A fir de Live-Effekt ze verstäerken, hu se säit 2010 an hir Live-Show och richteg Instrumenter integréiert, dëst mam René "Däiwelskärel" Macri un der Bass a mam Mike "Blueprint" Zweyer un der Drum, deen ganz niewenbäi och sou munch Kompositiounen bei de „Läboranten“ bäisteiert. De René ass nach haut e feste Bestanddeel vun der Läb-combo, mä wéi all ierdescht Wiesen ass och „de läb“ bei den Instrumentalisten dem permanente Changement ënnerworf gewierscht, 2014 wuar et dann leider och eriwer fir de Mike „Blueprint“ an „de läb“. No engem decken Joer mam Gilles Bernard (drums, 2014-2015) koum dann schlussendlech de Benoit Martiny bäi fir d'Equipe rëm komplett ze maachen.

A fir d'Joer 2010 gutt oofzeschléissen, wuaren de Corbi an den David Fluit am Oktober op d'Weltaustellung op Shanghai, mam But Lëtzebuerg op eisem Pavillon musikalesch ze representéieren, dëst awer ënnert engem anere Projet mam Numm "Brach" – enger Zesummen-aarbecht mam „In Circles aka Project M“ an „loose body parts“, déi fir Beats op dem Album zoustänneg wuaren an wou se och dovun am Februar 2011 eng CD/DVD/Vinyl erausbruecht hunn.

No engem längeren Wanterschlof wat neit „läb-Material“ ugeet, konnten d'Nolauschterer, endlech no 3 Joer break, hiren éischten an laang erwaarten Album „d'Stëbslong“, den 20. Mee 2011 an der Rockhal a vollem Haus zelebréieren. Et wuar aawer schonn 1 Joer firdrun, wou hir éischt Single dovun, "De Läbdance", op de Radiostatiounen erop an erof gelaf ass. Do hunn se sech geduecht och hiren 1. Video Clip vun deem Lidd ze maachen, deen vum Julie Schroell an Sascha Di Giambattista réaliséiert gouf. Duerno gouf „Den Dag vun oppener Dier lbp re-vive“ an „Looss dech goen feat. Sascha Ley“ als Single'en vum Album presentéiert. Ausserdem wuar och "On se Biitsch", eng Reprise vum Fausti sengem Lidd, wat en exklusiven Track fir de Projet "Planet Reloaded" war, op de Radio'en ze héieren.

Nach an der nemlechter Saison, haten se d'Geleegenheet 2 Lidder mam OPL (Orchestre Philharmonique du Luxembourg) ënnert der Direktioun vum Gast Waltzing um „Knuedler goes Classic“ am Kader vun der Fête de la Musique 2011, ze spillen.

Dunn wuar et réischt 2013 wou se op en Neits rëm zougeschloen haten, den neien Läb-Opus wuar gebuer mam Titel „Sex, Drugs an e Prêt“, mat ville spezielle Gäscht an neien Aventuren aus dem „Läb-Keller“. An och mat hire laut de Medien bis lo gréisste singles „Häppy Hippokrit“ an „de Stolze Bauer“.
 Am nämmlechte Joer gouf och de Label „De Läbbel“ gegrënnt, fir ënner anerem de lëtzebuerger Hip Hop ze propagéieren an „De läb“ ass natierlech och Deel dovun.

2015 hat den Corbi aka de „Kueb“ no 2 Schemotapes mam Edel Weis, dann och säin éischten Solo-Album „De Gëllene Stull“ fabrizéiert, wat iwwregens och den éischten Hip Hop-Album a Lëtzebuerg op Plack war. Ënner anerem wuar den wuel bekannten Freestyle-Akrobat „End of the Week“-Champ ginn an hat d'Éier zu Montreux op der internationaler Final eist Ländchen ze vertrieden an do de freestyle-bag ze schwéngen.

No enger méi laanger Paus bréngen si 2016 dann endlech nees en neien Album op de Maart, den den Numm „Kale Bauer“ dréit. Dëst ass dann och déi 3. Plack, déi aus der „Läb-Saga“ entspréngt. Fir dëst ze feieren am Kader vun enger Releaseparty ass dat wonnerbart Publikum wat ëmmer op den Hären hire Concerte vertrueden ass, den 28. Oktober 2016 an d'Rockhal gepilgert. Am nämmlechte Joer ass och hir d'Lidd „Alles Easis“ vum Eldoradio zur hirer éischter Single erhuewe ginn. Schliisslech ass dann d'Lidd „Wuarm Gedanken“ zur zweeter Single ginn. An zu gudder Lescht gouf dann och hir 3. Single, „Verännerung vs. Stellstand“, aus dem leschten Album, rechtzäiteg fir d'Summersaison als Airplay verëffentlecht. Dëst wuar och eng audiovisuell Release, gedréiht vum Alphonse Hatz a verschafft vu Kingsmensch aus Saarbrécken.

An wann se net an iergendengem Schoulbuch zur Educatioun bäigedroen hunn, dann hunn se vun der klengster Bistrots-Théik bis zu gréisster Bühn d'Land onsécher gemaach, praktesch keng Festivalsbühn hunn se ausgelooss; ënner anerem hu se schonn um Rock A Field gespillt an 2011 duerften se souguer op der Haaptbühn hir vibes verstrëen, scho sou munch Fête de la Musique hunn se gerockt. Den e-Lake Festival, Food For Your Senses, Rock um Knuedler, Terres Rouges Festival an nach villes méi kennen se an hiren Palmarès androen. Virgrupp wuare se scho fir de Snoop Dogg, KRS-One, IAM, Guru's Jazzmatazz (Gang Starr – RAF Guru), Talib Kweli (Black Star, Reflection Eternal), Fanta 4 & Thomas D (Fanta 4), Yarah Bravo, The Electric feat. DJ Vadim, Dan le Sac vs. Scroobius Pip, Bauchklang, asw. Och am Ausland hu se sech um EuroSonic Festival zu Groningen blécke gelooss oder si ware mol zu Gaascht hei vir an onsen Nopeschlänner. Mee wéi enge Bühnen se nach ëmmer am treiste bliwen sinn, si wahrscheinlech d'Urban-Stage um e-Lake zu Iechternach an dem Whynot zu Diddeleng senger Stage, do wou si all Joers fir hir faméis Christmas-Session optrieden. Zënter Jore kann een si op béid Platzen ëmmer erëm mam beschte Publikum, wou se jemols haten begleeden!

Mä eppes soll der gesot sinn: "de läb" ass mëttlerweil net méi aus der Lëtzebuerger Musekszeen ewechzedenken an et dierft ee gespaant sinn, mat wat si hiren Nolauschterer an Zukunft nach d’Ouer masséiere wäerten.

  source: by Lisa "la chatte" Keiffer / Update by Dana Galassi, Februar 2017


  get more informations about this act:
         

  Line-up 2019   Spielplan 2019

unsere Hauptsponsoren :

unsere Sponsoren & Partner :

nach oben

the free entrance festival

09 -11 August 2019
am Echternacher See / Luxemburg


Copyright © 2019 e-Lake festival. Alle Rechte vorbehalten.
See you @ the Lake :-)