Fluyd

Happy Birthday fir deng 25 Joer e-Lake.
Mir als Fluid, dunn nach mat "i" haten di grouss Éier bei denger Gebuert dabäizesinn. Souwäit ech mech erënneren kann bestoung d'Bühn 1996 aus 2 Camionsunhänger wou een huet missen an der Mëtt wou d'Unhänger zesummestoungen oppassen fir net an de Schlitz ze falen. Deemools ewéi haut war den e-Lake méi wéi en Festival. Et war wéi eng Journée des Anciens, en Konveniat wou verschidde Generatiounen sech erëmgesinn hunn an eng gutt Zäit ënner Frënn verbruecht hunn. An Fluyd hat d'Chance de Festival nach e puer mol ze spillen, wat ëmmer en absolutten Highlight war. Net ze toppen war op allefalls d'Organisatioun an déi Frëndlechkeet vun der Crew déi engem ëmmer d'Gefill ginn huet Deel vun der Famill ze sinn. Si an hiren Engagement man dat säit 25 Joer méiglech. Respekt!