Pit (aka Décken)
- Dobäi säit wéini ?
- Dobäi sinn ech lo scho säit 15 Joer. An ech bereie keng, oder loosse mir soen bal keng, vun allen Aktiounen déi während der wonnerschéiner Zäit zesummen um Séi ënnerholl gi sinn.
- Stell dech mol kuerz vir :
- Mäin Numm ass Pit Lengler. Ech si 35 Joer al, bestuet mam Marcia a wunnen zesumme mat eisen Zwillingen Mia a Fynn op der Schanz. Ech schaffen als Schoulmeeschter zu Iechternach an der Grondschoul a sinn aktiv an enger Rei Veräiner vun der wonnerschéiner Abteistad Eechternoach.
- Wéi bass du zur e-Lake ORGA komm ?
- Ech war als éischt Member vum CJE , sinn dunn do an de Comité gaangen, an hunn déi éischte Kéier hannert d’Kulisse vun deem Mega-Festival gesinn an awer och deen onheemlechen Opwand an déi enorm Organisatioun. Dunn war den éischte Schrëtt als Orga-Mêmber vum e-Lake net méi wäit ;-)
- Wéi oft wars du schon dobäi ?
- Ech hu grad missten a mengem Handy kucken, wéini ech déi éischt Fotoe vum e-Lake dran hat, an hu missen feststellen, datt dat lo scho ganzer 15 Joer hier ass.
- Wat sinn deng Aufgaben ?
- Ech hunn an deene leschte Jore konnten a ville verschiddene Beräicher matwierken an hëllefen.
Déi éischt Erfahrung hunn ech als Catering-Mann fir eis e-Lake-Crew gemaach. No laange Joren vun „aufopfernden“ Nuetsschichten, ass et mir leider ni gelonge mäi Frënd, de L. W. aus R. vu menge kulinaresche Kompetenzen z‘iwwerzeegen. Mea Culpa. ;-)
Spéider dunn sinn ech an de Sponsoring-Grupp vun de lokale Geschäftsleit mat rageklommen, wat eng enorm opwänneg an net-ze-ënnerschätzend Aarbecht ass, virun allem wann een an all Café (an et stinn der eng jett op der Lëscht) muss mindestens 2 Béier mam Wiert drénken éier een déi wuelbekannte Fro stellen kann: „Moien, Pit Lengler hei vum e-Lake Festival. Ech hätt do eng kleng Fro: Wier Dir un engem Sponsoring fir den e-Lake interesséiert?“
Viru 7 Joer sinn ech dunn an d’Equipe vum VIP opgeholl ginn, deen ech lo an de leschte 4 Joer organiséieren duerft.
D‘Press dierf ech och nach e bëssi mam Jempi zesummen maachen, heescht also Tankstell, Béier kafen, bei den Dan Spogen bei de Radio fueren, e klengen Interview ginn, a sech duerno dat Ganzt mam Jempi bei engem Filet Rossini an enger Fläsch Rouden nach eemol virun Aen halen. Während dem Festival maachen ech och nach freides d’Presseaarbecht als Gehilfe vum Jempi. Heescht also mat der Press, Gewënner vun eisen Aktiounen a Gäscht iwwer de ganzen Site lafen, deen een oder aaner Pättche mat hinnen drénken an den Highlight vun all Tour ass d’Visite op der Haaptbün. - e-Lake an 3 Wierder :
- Etgëttkee Summer ounie-Lake! (sou missten et 3 Wierder sinn ;-) )
- Däin Highlight bis elo war :
- eis ganz Orga, Crew an e-Lake Famill, einfach ëmmer rëm en Highlight fir mech fir dierfen en Deel dovun ze sinn.
- Wat ass schon mol total an d'Box gaang ?
- De Bier-Schiss vun dem gouden natierleche Bofferding ;-)
- Wat mëscht de Festival sou besonnesch fir Dech ?
- Ofgesinn vun deem eemolege Site, der fantastescher Stëmmung, eiser ganzer Crew, der Familiaritéit , kuerz gesot: dat Bescht wat engem am Summer geschéie kann.
- Dräi Momenter déi's du nie vergiesse wäers :
- - Kuckuck-Nackidei-Party beim Opriichten
- Querbeat-Optrëtt
- d’Erkenntnis wéi wond een tëscht de Been no 4 Deeg ka sinn ;-) - Dräi Grënn déi dofir schwätzen, um e-Lake dobäi ze schaffen :
- - Béier
- méi Béier
- am meeschte Béier - Dräi Grënn déi dogéint schwätzen fir um e-Lake ze schaffen :
- Pardon, ech hunn dat lo net ganz verstan. ;-)
- Dräi Saachen déi bäi denger Aarbecht wichteg sinn :
- Gedold, e gesonden Duuscht a Feuchtien
- Dräi beschte Plazen um e-Lake :
- - Backstage op der Bühn
- Liebesland
- an natierlech eist wonnerschéint VIP-Zelt um Bierg - Dräi Sachen déi et leider nach net ginn um e-Lake :
- - Battin
- Schlof-to-go
- d‘Unerkennung vum Laurent ;-) - Firwat sollen d'Leit op den e-Lake Festival kommen ?
- Direkt eng riischt an d’Sabbel, oder wat soll déi Fro ?
- Deng Haaptmotivatioun ?
- Prost Kanner, a genéisst all Dag mat eis zesummen op deem eemolege Festival.