Jonas

get to know the organizers

Jonas
Dobäi säit wéini ?
2015
Stell dech mol kuerz vir :
Sinn 22 Joer aal, lauschteren gären däitschen Rap an HipHop an sinn leidenschaftlechen Fan vun der 187 Straßenbande skurr skurr
Wéi bass du zur e-Lake ORGA komm ?
Ech sinn zur e-Lake ORGA komm, well ech och Member am Comité vum Club des Jeunes Eechternoach sinn. No engem Joer hëllefen hunn ech séier den Entschloss gefasst, bei der Organisatioun vun dësem Festival dobäi ze sinn.
Wéi oft wars du schon dobäi ?
Mat der Éditioun 2020 ass et déi 5. Kéier.
Wat sinn deng Aufgaben ?
Ech war 3 Joer laang zoustänneg fir dass keen huet missen Honger leiden. Dat war/ass mat verschidden Kaliber awer onméiglech hinzekréien, déi hunn ëmmer Honger. Sorry Pit.
e-Lake an 3 Wierder :
- Béier
- Blanche
- Bierschiss
Däin Highlight bis elo war :
Definitiv Querbeat, mä am groussen Ganzen einfach déi Zäit déi een zesummen verbréngt.
Wat ass schon mol total an d'Box gaang ?
Éischt Iessen am éischten Joer Catering. Net warm, net gutt etc.
Wat mëschs du eigentlech am richtegen Liewen ?
Schaffen bei der Gemeng Rouspert-Mompech
Wat kann een nach verbesseren ?
Déi Lëscht ass ze laang fir an ee Steckbréif
Wat mëscht de Festival sou besonnesch fir Dech ?
Et ass kee Fest vun der Léift
Dräi Lidder déi fir dech e-Lake sinn :
- Querbeat – Romeo
- Markus Becker – Bierkapitän
- Bonez MC – Beste Leben
Dräi Momenter déi's du nie vergiesse wäers :
- Samson sëtzt 5 Stonnen an engem gebrachenen Campingstull, herrlech
- Wäinowend 2018 (Merci Vic)
- Aftermovie mam Lengler sengem iPhone
Dräi Grënn déi dofir schwätzen, um e-Lake dobäi ze schaffen :
- Et ass ëmmer genuch Béier do
- Op kengem aneren Festival kritt een sou gutt ze iessen
- Een Deel vun dësem Festival ze sinn, mëscht een stolz
Dräi Grënn déi dogéint schwätzen fir um e-Lake ze schaffen :
Et gëtt absolutt kee valabelen Grond fir net um e-Lake ze schaffen
Dräi Saachen déi bäi denger Arbecht wichteg sinn :
- Keen soll Honger leiden
- Mëttwochs gëtt et Hackepeter
- Best DJ in town
Dräi beschte Plazen um e-Lake :
- Liebesgrottes, eng besser Plaz gëtt et net
-
-
Dräi Sachen déi et leider nach net ginn um e-Lake :
- Béierstand mat Blanche
- 187 Straßenbande
- Féierwierk
Firwat sollen d'Leit op den e-Lake Festival kommen ?
- Eenzegen Festival deen et seit 25 Joer gëtt
- Mir hunn den beschten Line-Up
- Picadilly ass sch....
Deng Haaptmotivatioun ?
„Dabei sein ist alles“ ;-)
go to top

the free entrance festival

06 - 08 august 2021
at Lake Echternach / Luxembourg


Copyright © 2020 e-Lake festival. All Rights Reserved.
See you @ the Lake :-)