Nic
- Dobäi säit wéini ?
- ech mengen zanter 2014 ?! Do muss de Roll a seng Archive krome goën fir dat nozekucken, wann et dann iergendeen sollt intresséiren!
- Stell dech mol kuerz vir :
- Moien, ech senn de Nic. Baujoër 1987. Bestued. Gléckleg. Lëschteg. Duuschtreg. Witzeg. Kreativ. Musekalesch. Spontan.
- Wéi bass du zur e-Lake ORGA komm ?
- Mund zu Mund Propaganda. Emmer vill Kolleegen déi matgemaach hunn, an zack, wi ech bis aal genuch a verstänneg war – ok, aal genuch – hunn ech mech an d’Orga gemellt a gouf suguer opgeholl. Op ech et bereien, nee! Op d’Orga mech nach wëll? On va voir..!
- Wéi oft wars du schon dobäi ?
- Zu « Party.lu »-Zäiten schon ëmmer um Séi, hannerm a viirum Comptoir.
- Wat sinn deng Aufgaben ?
- A genee daat froën ech mech nach bis haut!
- e-Lake an 3 Wierder :
- - Montage
- Béier
- Démontage - Däin Highlight bis elo war :
- All e-Lake ass u sech en Highlight. D’Virfreed ass ëmmer immens grouss, wann et dann endlech lass geet mam Montage. Och wann do vill geflucht a gekäicht gëtt. Mee eppes wat hänke bleiwt ass wann een um Festivalweekend uewen op der Terrass vum « VIP-Zelt » steet (well een do eng super Vue op de Site huet) an einfach alles op sech wierke léisst. All d’Leit, d’Musék, d’Stemmung,…wan nee gesäit datt een zesummen eppes erreecht huet. Daat mécht Spaass!
- Wat ass schon mol total an d'Box gaang ?
- Bei mir ass schon heiansdo eppes an d’Box gaangen, mee dofier gett et Feuchttücher an en Ersatzkalzong! Oder wat war d’Fro?
- Wat mëschs du eigentlech am richtegen Liewen ?
- Ech senn u sech Schoulmeeschter ze Iechternach an der Primär, pardon, Grondschoul. Ech hunn en Zickel 4, also di Grouss! Doniewt hun ech mat e puer Kolleegen d’Firma JEMAPINIC gegrënnt. Voilà, gegrënnt, méi net.
- Wat kann een nach verbesseren ?
- Villes, mee ech mengen datt mir daat Festchen do um Séi awer scho ganz anstänneg organiséiren. Duerch limitéiert finanziell Mëttelen, sënn eis oft leider d’Hänn gebonnen. Mee dofir se mir di Bescht.
- Wat mëscht de Festival sou besonnesch fir Dech ?
- Ganz einfach: d’e-Lake Famill! Mat all hieren Macken an Naupen, sou wi am richtege Liewen. Di gutt 2 Wochen wu mer am August all Dag beieneenhänken senn einfach nëmme fantastesch!
- Dräi Lidder déi fir dech e-Lake sinn :
- - Backyard Dog – Baddest Ruffest
- Untertagen – Dreh den (Indie-) Swag auf
- Mark Sixma – United as one - Dräi Momenter déi's du nie vergiesse wäers :
- - Weltennergangs Donnerwieder 2014
- Wi e Rack Héras’en beim Opbau op mech gefall senn, because safety matters.. !
- Splintje-Challenge - Dräi Grënn déi dofir schwätzen, um e-Lake dobäi ze schaffen :
- - En Deel vum Ganzen ze sinn an och mol hannert dem Comptoir ze stoën
- Eng super Stëmmung ënnert de Leit
- Kontakt mat méi oder manner witzege Client’s - Dräi Grënn déi dogéint schwätzen fir um e-Lake ze schaffen :
- - Wanns de keng Loscht hues, bleif doheem!
- Wanns de just wëlls fir näischt der eng ustrécke kommen, bleif doheem!
- Wanns de wëlls dem Festival schueden a gratis Gedrénks rausginn, bleif doheem oder fuer op de Piccadilly - Dräi beschte Plazen um e-Lake :
- - Liebesgrotte (komm hëllefen, da verstees de wat a wou dat ass!)
- Mainstage Backstage op der Bühn
- Béierstand a Server - Dräi Sachen déi et leider nach net ginn um e-Lake :
- - Freedefeier
- Eng schwammend Bühn um Séi
- Eng Garantie op schéi Wieder - Firwat sollen d'Leit op den e-Lake Festival kommen ?
- Well et wäit e breet kee bessere Festival gëtt, a well dee Weekend am ganze Land soss näischt lass ass! ;-)
- Deng Haaptmotivatioun ?
- Saufi Saufi..! ;-)