DE LÄB

.
   Urban Stage
   Friday
   23:20 - 00:10
.

DE LÄB

Sorry, this band information is only available in luxembourgish ...

„De Läb“ ass mëttlerweil keng onbekannten Nummer méi an onser lëtzebuerger Musekslandschaft, säit der éischter Apparitioun am Joer 2007, hunn se vun der klengster Bistrots-Théik bis zu gréisster Bühn d'Land onsécher gemaach.

De Corbi (raps & beats), den David Fluit (raps, scratches & beats), de Nikkel K (live-dj & scratches), de René "Däiwelskärel" Macri (bass) an de Benoit Martiny(drums), beherrschen hiert Handwierk a verkierpere gekonnt déi „nei Schoul“, mat der Astellung vu gëschter.

Am „Läb-Keller“ gëtt ausschliisslech op Lëtzebuergesch gedicht, dëst iwwert déi verschiddenst Themen. Vu Politik iwwert de lëtzebuergeschen Alldag bis hin zu méi perséinleche Sujete gëtt alles ënnert d’Lupp geholl an am „Läb-Jargon“ analyséiert an interpretéiert. Hir Musek vermëttelt dem Nolauschterer net nëmme gutt Laun, mä och deen een oder deen anere Message fir nozedenken, ëmmer dekoréiert vun engem gudden Hauch Ironie. "De Läb" ass eng richteg Live-Band, déi hire Public gäre matrappt an dozou zwéngt, matzefeieren.

Also eppes ass sécher „di fäin Drecksäck aus dem Minett“ si mëttlerweil net méi aus der Lëtzebuerger Musekszeen ewechzedenken an et dierft ee gespaant sinn, mat wat se hiren Nolauschterer an Zukunft nach d’Ouer masséiere wäerten.

(by Lisa "la chatte" Keiffer - Dezember 2012 - Update by Dana Galassi, Februar 2017)

get more informations about this act:

         

Print Email

FRIDAY

10 AUG
live concerts
a journey to Pop,
Hip-Hop and Rock'n'Roll

SATURDAY

11 AUG
electronica
only the finest
electronic beats

SUNDAY

12 AUG
party time
all your favorite
party tunes

CONNECT WITH US