Skip to main content
Jempi

get to know the organizers

Jempi
Dobäi säit wéini ?
2008
Wéi bass du zur e-Lake ORGA komm ?
Dat war éischter zoufälleg. Ech hunn 2008 um e-Lake gehollef well e Kolleeg mech gefrot hat. Déi ganz Atmosphäre a Kollegialitéit hu mir esou gutt gefall dass ech direkt dobäi bliwwe sinn, Member vum CJE gi sinn an och an d’Orga gaange sinn. Dunn huet alles säi Laf geholl ;-)
Wéi oft wars du schon dobäi ?
Schonn iwwer 10x
Wat sinn deng Aufgaben ?
Seit 2012 sinn ech Responsabel fir d’Presseaarbecht. Am Virfeld vum Festival schreiwen ech Presseartikel, ginn d’Invitatiounen un d’Presse, bereeden de Pressedossier fir a schécken de Pressevertrieder hier Akkreditatiounen. Et sinn och ëmmer mol Radiosinterviewen an der Staat. Während dem Festival dann encadréieren ech d’Presse, sinn zesumme mam Pit responsabel fir d’Meet & Greet’en, géréiren Interviewufroen fir d’Artisten a ginn och selwer Interviewen. Weiderhin hëllefen ech bei eiser Facebook-Seit. Een ganz ofwiesslungsräichen Job also, deen immens vill Spaass mecht.
e-Lake an 3 Wierder :
- Spaass
- Kolleegen
- Moussement
Däin Highlight bis elo war :
Fir mech ass et all Joer rem een Highlight zesumme mat de Kollegen een eenzegaarteg Event op d’Been ze stellen. Dem Paul van Dyk sein Optrëtt war samschdes mäin musikaleschen Highlight, freides war et Querbeat.
Wat ass schon mol total an d'Box gaang ?
Ech denken do haaptsächlech un dat schlecht Wieder wat mer alt mol haaten. Dat kann een leider net plangen, mecht d’Aufgab awer dofir och ëmsou méi interessant. Am Bereich vun der Presse sinn alt mol Meet & Greet'en déi net sou gutt gelaaf sinn, mee insgesamt war ëmmer alles ënner Kontroll.
o Wat mëschs du eigentlech am richtegen Liewen ?
Ech schaffen als politesche Beroder.
Wat mëscht de Festival sou besonnesch fir Dech ?
Et ass einfach déi immens Atmosphäre, déi Kollegialitéit ënnert de Leit. Mir bréngen et zu e puer Kollegen fäerdeg e grousse Festival vun internationaler Renommé op d’Been ze stellen, wat fir mech eng grouss Leeschtung ass (ouni eis lo wellen selwer ze vill ze luewen) Weiderhin ass et och déi eenzegaarteg Kuliss vum Iechternacher Séi, déi dëse Festival speziell mecht. Besonnesch frou sinn ech dofir dass mir hei d’Natur duerch eis e-Lake goes green Aktivitéiten sou weit wéi méiglech kënnen erhalen.
Dräi Grënn déi dofir schwätzen, um e-Lake dobäi ze schaffen :
Kollegialitéit, et léiert een fir d’Liewen an eis Afterpartien natierlech net ze vergiessen ;-)
Dräi Grënn déi dogéint schwätzen fir um e-Lake ze schaffen :
Do fällt mer leider näischt an …
Dräi Saachen déi bäi denger Aarbecht wichteg sinn :
Ech versichen de Festival sou gutt wéi méiglech no baussen ze verkaafen. Mir hunn an de leschte Joeren vill Präsenz an de Medien gehat an dat probéire mer weider auszebauen.
Firwat sollen d'Leit op den e-Lake Festival kommen ?
Gratis Entrée, super Kader, gutt Musek a vill cool Leit
Deng Haaptmotivatioun ?
De Spaass un der Saach
go to top

the free entrance festival

08 - 10 august 2025
at Lake Echternach / Luxembourg


Copyright © 2025 e-Lake festival. All Rights Reserved.
See you @ the Lake :-)